Lëtzebuergesch: Um Virowend vum 27. Januar 2016, der
Journée de la mémoire de l'Holocauste et de la prévention des crimes contre l'humanité, hat d'
Stad Esch, zesumme mat der
Communauté israélite d'Esch-sur-Alzette, der asbl MemoShoah Lëtzebuerg an dem
Resistenzmusée zu enger Manifestatioun op der Place de la Synagogue, do wou bis 1941 d'
Escher Synagog stoung, opgeruff. Der feierlecher Zeremonie hunn niewent der Escher Bevëlkerung Vertrieder vun den Ambassaden, de Chamberspresident
Mars Di Bartolomeo, de Justizminister
Félix Braz, Deputéiert, Membere vum Gemengen- a Schäfferot a soss Vertrieder vun der Zivilgesellschaft beigewunnt.
D'Riede goufe vum Robi Wolf, President vun der lokaler jüddescher Communautéit, dem Frank Schroeder, Direkter vum
Resistenzmusée, dem Daniel Davisse, en Holocaust-Iwwerliewenden deen a Frankräich verstoppt war, dem Escher Rabbiner Alexander Grodensky an der Buergermeeschtesch
Vera Spautz gehalen.
Ënner der Direktioun vun der Isabelle Braun huet d'Jugendchorale vum
Escher Conservatoire fir d'musikalesch Einlag gesuergt.
De Groussrabbiner
Alain Nacache huet den
El Maleh Rachamim an de
Kaddish rezitéiert. No enger Gedenkminutt goufe Käerze beim
Memorial deposéiert.
- Den Daniel Davisse bei senger Usprooch.
Den Daniel Davisse, 1938 als Daniel Herz zu Hamburg gebuer, koum am Januar 1939 op Esch wéi seng Elteren, Walter Herz an Irma Meyer aus Däitschland geflücht sinn an zu Lëtzebuerg op e Visa fir d'USA gewaart hunn. De geléierte Theolog Walter Herz huet dunn an der Escher Synagog als Ministre officiant an Hazzan gewierkt, bis d'Famill am Mee 1940 huet misse vrum däitschen Envahisseur flüchten. Se goufen zu Aix-en-Provence am Camp des Milles an der Zone libre internéiert. 1942 hu seng Elteren dunn decidéiert hire klenge Bouf an d'Famill Davisse zu Marseille ze ginn - an eng atheistesch a fräimauresch Famill, wéi den Davisse haut ironesch bemierkt. Kuerz drop goufen de Walter an d'Irma Herz-Meyer vun der Vichy-Regierung un d'Nazien ausgeliwwert, se koumen an de Camp vun Drancy an vun do aus, de 16. September 1942 mam Convoi Nr 33, an d'KZ Auschwitz-Birkenau, wou se den 21. September 1942 ëmbruecht goufen. Zu Schmelz bei Saarlouis erënnert e Stolpersteen un de Walter Herz.
Den Daniel Davisse huet de Krich a senger Adoptivfamill, déi an der Resistenz aktiv war, iwwerlieft. An den 1980er Joere, ënner der Presidentschaft vum François Mitterand gouf hie Chef de cabinet vum deemolegen Transportminister Charles Fiterman. 1986 gouf hien an de Gemengerot vu Choisy-le-Roi gewielt a war do Buergermeeschter vun 1996 bis 2014.
Op der Sich no de Spuere vu senge biologeschen Elteren zu Lëtzebuerg gouf hie vum
Paul Dostert (
Centre de documentation et de recherche sur la Résistance) a vum Henri Juda (MemoShoah Lëtzebuerg) ënnerstëtzt. Zu Esch huet den Daniel Davisse d'Synagog an de Resistenzmusée besicht a gouf vun der Buergermeeschtesch Vera Spautz op der Gemeng empfaangen.